'Holy Rude' Kierch

 

 

'Rude' oder 'Rood' as en aal Englesch Wuert fier d'Kräiz vun der Crucificatioun.

 

Di éischt Kierch op desem Site as 1129 vum Kinèk David I gegrend gin, mee se as 1406 duerch e Feier zerstéiert gin. Kuerz dono huet de Lord Chamberlain vu Schottland de Bau vun enger neier Kierch financéiert, an sou sin d'Mettelscheff, de Süd-Gang an den Tuerm 1414 färdeg gestallt gin. Desen Deel vun der Kierch mat de ronnen Scots Seilen, de Gothegen Voûten an dem originalen Holz Daag ensprecht nach haut, no vill Aennerungen, sou gutt wéi dem ursprüngleche Bau.

 

Well d'Kierch net grouss genuch fier d'Congrégatioun wor, as, teschent 1507 an 1546, de Chouer (oder östlechen) Deel vun localen Handelsmänner gebaut gin, enner der inspiréirender Directioun vum John Coutts, Meeschter Steemetzer.

 

Am Joer 1656, no engem Sträit teschent deen zweePasteuren vun der Kierch an hieren Congrégatiounen, huet d'StaadtGemeng eng Partitur gebaut wou haut de Kräizgang as. Sou sin zwee Deeler entstaan: d'Ost Kierch an d'West Kierch, mat hiere verschiddenen Pasteuren.

 

Tëschend de Joeren 1936 an 1940 sin gréisser Transformatiounen duerchgefouert gin. D'Partitur's Mauer as eweg geholl gin, di zwee kuerz Querschëffer si verlängert gin, den  voûtéiererten Daag iwert dem Kräizgang as gebaut gin, de Buedem vum Chouer a vun der Kanzlei si gehuewe gin, an ennert dem Chouer sin d'Sacristeien an d'Sessioun's Haus gebaut gin.

 

Tëschent 1965 an 1968 sin nach weider Restoratiounen duerchgefouert gin. Enner aanerem as de Remplage vun verschiddenen Fensteren erneiert gin, délabréiert Steng sin ersaat gin, daat ganzt Steewierk as oofgedicht gin an den Heizung's System as erneiert gin. D'Klackespill vu 6 Klacken am Tuerm si 1970 frësch gemach an rem nei opgehang gin. Se kennen elo manuell oder mechanesch lauden geloos gin. Teschend 1987 an 1993 as eng grouss renovatioun vun des Kirch gemach gin an et huet £1,250,000 kascht.

 

D'Mary, Queen of Scots, as an des Kierch gang, an den John Knox huet hei gepriedegt. Dem Mary hiere Jong, den James VI. vu Schottland, dee mi spéit als James I. Kinèk vun England gin as, nom Doud vun der Kinnigin Elizabeth as hei den 29. Juli 1567 gekréinegt gin. Daat mecht des Kierch, niewent der Westminster Abbey, eng vun deenen zwou eenzegen a ganz Groussbritannien, déi nach emmer a Gebrauch as, an an daer eng Couronnement statt font huet.